Bölüm notları
Papp - Mamm - Kand: dat ass d'helleg Dräifaltegkeet vun enger Gesellschaft, déi d'Famill als Ideal gesat huet. Mä ass d'Famill wierklech en Ideal, op dat ee solle ustriewen? Ass d'Famill net och eng Plaz vun Ongerechtegkeet an Onfräiheet? Eng Famill kann ee bekanntlech net eraussichen – mä firwat eigentlech net? Sollt een d'Famill vläicht komplett ofschafen an aner Forme vun Verwandtschaft erfannen? Mir schwätzen iwwer all dës Froen, tëscht Kritik an Utopie.
Web sitesi: soundcloud.com

