Show notes
Zéng Joer laang war op der Metzeschmelz zu Esch näischt méi lass. Haut gëtt an der aler Hal vum Zentralatelier erëm Eise gegoss, geschmied a gefléckt — vun engem Veräin, deen de Site nei belieft.
Am Ferro Forum treffe sech Elektriker, fréier Schmelzaarbechter, Ingenieuren a Kënschtler. Mir hu mam Misch Feinen, Grënnungsmember a fréiere President, an dem Joe Simon, aktuelle President, geschwat: Wat ass eigentlech eng Schmelz? Wien huet sech hei viru 50 Joer d’Hänn dreckeg gemaach? Wéi vill vun der Geschicht vun de Schmelzen ass bis haut guer net opgeschriwwe ginn? A wat bleift vun dëser Plaz…
Website: podcasters.spotify.com
