Show notes
Fir den éischte Motomag wär d'Iwwerschrëft "eng plakeg Chinesin um Stau" treffend.
Dat ass zimmlech räisseresch, ech weess, mä resuméiert mäin éischten Test-Tour mat engem Moto fir RTL u sech ganz gutt. D'Firma Zhejiang Chunfeng Power, méi bekannt als CFMOTO, gëtt et schonn zënter 1989 a baut Quaden a Motorrieder. Virun 20 Joer hunn d'Chineesen ugefaangen hir Maschinnen an d'Welt z'exportéieren, dorënner dann och d'675NK mat där ech en Tour bis op de Stauséi gemaach hunn.
NK steet fir NAKED, heescht plakeg, also ouni groussaarteg Verkleedung a 675 fir 674 Kubikzentimeter déi an den dräi…
Website: play.rtl.lu

