Show notes
Nodeems ech mat engem Thema (Stellprozesser) eng Lawine lassgeléist hunn, wou verschidde Leit fonnt hun, meng Argumenter lapidar ofzewimmelen an Geforen nët besonnesch eescht ze huelen, wollt ech allgemeng d'Thema fir déi Leit opsetzen, déi sëch gären mat energeteschen Techniken begleede loosse wëllen an nët onbedingt wëssen wourop se beim Begleeder oppasse kënnen.
Hei fannt Der Beispiller, Argumenter, déi fir all Zort vun Begleedung wichteg kënne sinn, an déi vläicht deem engem oder aneren och erklären, firwat se bei deem engen e gudd an bei dem aneren e schlecht Gefill hunn ;)
Website: riicht-eraus.podigee.io

