Beschrijving
D’Laure huet mol rem eng Etüd dobäi an déi beseet,dass den Duerchschnëttsalter an deem Fraen zu Lëtzebuerg Kanner kréie bei 31,4 Joer läit. D’Nadia passt net an déi Statistik: hatt huet säi Jong mat 25 krut.
Haut ass hatt, wéi d’Cheryl géif soen, “Entrepreneur-baddie a Single mom” a verréit firwat hatt dankbar ass, dass säi Liewen net där “typescher” timeline no gelaf ass.
Mee wat ass schonn typesch... a wat ass kritesch?! Vun deraktueller Dating-Zeen, ofgebrachenem Studium, der Realitéit hannert Entrepreneurship a Veganismus an der Erzéiung – an dëser Episod ginn et vill Froen an nach méi…
Website: podcasters.spotify.com

