About this podcast
Carma Club ass de Podcast fir all déi, déi de Kapp mol ausschalte wëllen.
Mir sinn d’Carole an d’Marylène a schwätzen iwwer dat richtegt Liewen: Bezéiungen, peinlech Momenter, Frëndschaften, Alldag, Vakanz-Desasteren an alles, wat eis zum Laache bréngt.
Éierlech, spontan an ouni Filter.
Also huel dir e Café, eng kuscheleg Decken oder däi Glas Wäin a komm an de Carma Club.
XOXO, CARole & MArylène 😉
Episodes
- #16 And she said…? · 37 minNo enger „klenger“ ongeplangtener Paus si mir erëm zeréck am sougenannte Match. Dësskéier ginn eng ganz Rei verschidde Saachen opgekläert a beschwat. Wéi zum Beispill, dass dem…
- #15 Bas du eisen hot for no reason? · 34 min#15 Bas du eisen hot for no reason? 🌌 Wou läit de Marianengraben – a wat ass do eigentlech geschitt? 🇩🇪 Ass dem Marylène seng Mammesprooch dann awer lo däitsch? 👀 A wéi vill…
- #14 Dem Ken säi Kalzong an de perfekten Dag · 55 minWat ass méi deeeier de Playmobil oder LEGO? Firwat ass dem Ken säi Kalzong iwwerhaapt en Thema? Mir klären déi wierklech wichteg Froen am Liewe mee mir ginn och e bësse méi déif…
- #13 Hot for no reason · 37 minWéi ass dem Carole säi Verhältnis zu ABBA? Weem seng Anthem ass GIMME GIMME GIMME Your man? Wat maachen d'Hormoner maachen eisem Gehier? 🧠 SPOILER: Villes, a Grausames… D'Carole…
- #12 Et ass Vakanz · 51 minEeeendlech ass et souwäit. Do deng Kleeder aus, de Bikini un, lee dech dohin a genéiss d'Rou! Et gëtt gekläert waart déi beschte Glace ass, wou een eigentlech soll oder net soll…
- #11 Et gi keng Problemer, et gi just Léisungen! · 39 minDe Kreeslaaf ass op der Kopp a mir léiere spuenesch. 😵💫 Eis beschäftege puer Froen: Ass de Bruce Lee dem Marylène säi Papp? Wéi geet d’Alphabet richteg? D’Carole kläert op! Wat…
- #10 Hat mengt dat wierklech eescht?! · 33 minAn eiser neier Folleg kläre mir, ob d'Marylène elo definitiv zur Autos-Maus ginn ass – an ob et him domat wierklech eescht ass. Mir schwätzen iwwert Pizza a Pasta a Spuenien…
- #9 Ass eis Frëndschaft eng eenzeg Enttäuschung? · 43 minEt sti vill Froen op! Geet d'Carole eleng d'Baach erof? Steet d'Frëndschaft lo um Spill? Sinn mir villäicht guer net de selwechte Mënsch? Mir léieren eis ëmmer méi kennen, mee ob…
- #8 Haut fléie Leit aus dem Carole sengem Liewen eraus! · 33 minHaut gëtt ausgemëscht. Mir schwätzen doriwwer, firwat et heiansdo gesond ass, Leit aus sengem Liewen ze loossen, wéi vill Labelloen ee Mënsch wierklech brauch, wat mir am…
- #7 Carma Exterior · 34 min#7 Carma Exterior Liebe Grüße aus dem Marylène senger Heemecht, wou hat sech endlech richteg verstanen fillt. Firwaat d‘Caro Tiktok gelöscht huet an vun wem hat romatesch…
- #6 De Fiat 500 · 32 minEt geet em Villes… Mir fannen all zesummen eraus wisou d'Marylène esou ass wéi hat ass. Ween de Grond ass dass dem Carole d'Wieder feelen an et gëtt gekuckt ween méi eekelhaft…
- #5 R.I.P. Slip · 36 minFirwat muss d'Carole seng Ënnerbox wechgeheien a wat huet dat mat senge Strëmp ze dinn? Kennt dem Marylène säi Papp mat him zesummen an de Prisong a wat der Däiwel ass GLIMMER?…
- #4 Barbie & Ken · 29 minWat ass dem Marylène säin gréissten Turnoff a wa mir eent Geräisch wieren, wéie wier dat? Ob de Sonnde wierklech traureg ass, a wat et Neies vu Marylène sengem Papp gëtt, gëss du…
- #3 Ass et e Geheimnis? · 43 minWeen ass haut besser drop? Ginn et Geheimnisser zwëschent eis zwee déi musse gelüftet ginn oder ass et souguer méi wéi dat! Et gëtt vill gelabert (alt erëm), et geet vill, oft a…
- #2 Un café con leche avena · 35 minD'Señoritas si säit 3 Deeg a Spuenien an dreeme quasi schonn op español. Un Café con Leche hei, eng Enseimada do a mir wëllen och am leiwsten ni mei erëmkommen. Op d'Marylène…
- #1 Mir ginn zesummen d'Baach erof · 35 minEis éischt an sécher net lescht Podcast-Folleg ass endlech do! Mir stellen eis vir… awer ganz entspaant, well mir wëllen dech jo net direkt iwwerfuerderen. An e puer kuerze Sätz…







