About this podcast
Den Nossknacker ass en neie Podcast fir kleng a grouss Naturentdecker.
Mam Kaweechelchen Leon entdecke mir a 7 Folgen de Liewensraum Bësch, entdecken wien an der Bamkroun wunnt, gi mam Grénge Mann de Geheimnisser ronderëmt d’Bich op d’Spuer, verstoppen eis viru Wëllschwäin, sammele Champignonen a knacken an all Episod e puer Nëss!
De Projet ass ënnerstëtzt vun der Oeuvre Nationale
Episodes
- Champignonen · 13 minWat geschitt eigentlech mat all deene Champignonen am Buedem? D'Tessy kacht Spaghetti mat Champignonszooss a a sicht mam Leon nom Netz ënnert eise Féiss.
- Doutholz · 8 minFirwat ass den Dout esou wichteg fir eis Bëscher? De Leon fënnt en doudege Bam a léiert, dass d'Enn och en Ufank ka sinn.
- D'Wëllschwäin · 10 minWéi funktionéiert eng Wëllschwäifamill? De Leon huet zwar Angscht viru Wëllschwäin, mee wëll méi gewuer ginn iwwer de Bauer vum Bësch a seng Famill.
- De Maarkollef · 6 minWéi fënnt de Maarkollef seng Nëss erëm? De Leon léiert haut, dass de Maarkollef all Joers Dausende vun Eeche planzt an dat ouni et ze wëssen!
- De Spiecht · 9 minTock-Tock-Tock! De Leon héiert e komescht Geräisch a freet sech: firwat kritt de Spiecht eigentlech kee Kappwéi?
- D'Buschtawen · 10 minVu wou kommen eigentlech d’Buchstawen? De Leon entdeckt komesch Zeechen un enger Bich an begéint dem geheimnisvolle Grénge Mann, deen d'Sprooch vun de Beem kennt.
- Trailer · 1 minDen Nossknacker ass en neie Podcast fir kleng a grouss Naturentdecker. Mam Kaweechelchen Leon entdecke mir a 7 Folgen de Liewensraum Bësch, entdecken wien an der Bamkroun wunnt…
- D'Bamkroun · 8 minWéi liewt et sech an der Bamkroun? Hues du am Bësch schonn emol ropgekuckt an dech gefrot, wéi d’Welt vun uewen ausgesäit? De Leon an d’Tessy klammen an d’Bamkroun erop. Den…