Avsnittsbeskrivning
Hëtztwell: Autoritéiten zéien de Bilan
No der Hëtztwell Enn Juni hunn d‘Temperature sech ofgekillt. An d‘Autoritéiten hunn elo een éischte Bilan vun der Hëtztwell gezunn.
D‘Rettungsdéngschter hate wärend der Hëtztwell vill ze dinn. Si hate 70 Prozent méi Asätz wéi zu normalen Zäiten.
Och d‘Spideeler hunn déi héich Temperature gespiert. Et si vill méi Leit wéi soss an d‘Urgencë vun de Spideeler komm. Mee d‘Spideeler konnten d‘Situatioun awer meeschteren, sot de Gesondheetsministère.
D‘Autoritéite wëllen sech elo besser op Hëtztwelle virbereeden. An der Haaptstad zum Beispill gëtt e Plang…
Webbplats: 100komma7.lu

