Notas del episodio
Tripartite am Mëttelpunkt
Dës Woch huet bei eis bal alles ëm d’Tripartite gedréit: dat ass d’Reunioun vun der Regierung mat de Gewerkschaften an de Patronen, déi a Krisesituatioune kann zesummegeruff ginn. Déi Kéier war et wéinst de Konsequenze vum Krich am Noen Osten, ënner anerem wéinst den héijen Energiepräisser.
Et gouf dräi Deeg matenee verhandelt an en Donneschdeg gouf et e prinzipiellen Accord. Et si verschidde Mesurë fir 2 Joer decidéiert ginn. Si wäerten de Staat 450 Milliounen Euro kaschten. Domat soll d'Inflatioun gebremst an d’Kafkraaft vun de Leit gestäerkt ginn. Am Konkreete…
Web: 100komma7.lu

