Poznámky k epizodě
Haut si mer negativ, mer kucken op d'Wiertchen net, seng Hierkonft, seng Varianten a seng Schreifweis.
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis, wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit, „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg, Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon!
S: Fänke mer direkt u mam Wuert vun haut?
C: Ech géif soen: net.
S: ... Wëlls de mer et net soen?
C: Neenee, mäi Wuert vun haut ass d'Negatiounspartikel "net". A wa mer eis dee Cluster vun der Negatioun ukucken, dann hu mer an de Sprooche…
Web: 100komma7.lu

