Avsnittsbeskrivning
D’Republik Serbie gëtt et an dëser Form zënter 2006. Serbie läit am d’Häerz vum Balkan, mat senger Haaptstad Belgrad, déi um Zesummefloss vun der Donau an der Save läit. D’Land huet eng räich Geschicht a Kultur, déi vu verschiddenen Zivilisatiounen an der serbesch-orthodoxer Traditioun gepräägt goufen. Traditioune wéi d’Slava, den traditionelle Kolo-Danz an eng Kiche mat Spezialitéite wéi Ćevapčići, Pljeskavica a Rakija gehéieren zum kulturelle Patrimoine. Mee Serbien huet och eng schwiereg Vergaangenheet: d’Jugoslawiekricher an den 1990er Joren, de Kosovo-Konflikt an d’NATO-Bombardementer…
Webbplats: 100komma7.lu

