About this podcast
Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien.
Episodes
The newest 20 of 50 episodes
- Michel-Edouard Ruben, Economiste vun IDEAD'Staatsfinanze sinn amgaang an ee méi laangfristegen Desequiliber ze rutschen - deen zukünfteg Regierunge riskéiere mussen auszeläffelen, sou d'Analys vum Ekonomiste.
- Liam Bremer, President vum JugendrotMir froen hien, wéi et de Jugendlechen zu Lëtzebuerg geet tëschent Wunnengsnout, internationale Krisen an enger onsécherer Zukunft
- Georges Krombach, Verkafsdirekter vun Heintz van LandewyckWat bedeit déi geplangten Hausse op den Accise vum Tubak fir de Lëtzebuerger Zigarettefabrikant? A wéi kritt een d'Interesse vum Secteur mat der Gesondheetspolitik conciliéiert?
- Marc Spautz, CSV-AarbechtsministerMéi flexibel schaffen - ass d'Propose vum Aarbechtsminister eng "fausse bonne idée"? Donieft schwätzte mir iwwer d'Plattformaarbecht: Lëtzebuerg muss d'EU-Direktiv dréngend…
- Paul GallesHaut ass zu Antalya an der Tierkei den Optakt vun der Klimakonferenz COP31. 10 Joer nom Paräisser Ofkommes kommen do Delegéiert aus bal 200 Länner zesumme fir iwwer…
- Mike Schaltz, Direkter vum Service d'Accompagnement TutelaireD'SAT ASBL këmmert sech ëm Leit, déi ënner Tutelle gestallt ginn, mee si brauch dréngend méi Sue fir ze iwwerliewen. Hire Chargé de direction erkläert firwat.
- Charles Goerens, DP-EuropadéputéiertenAss d'Défaite vum Donald Trump senge Republikaner eng gutt Nouvelle fir Europa? Déi Fro stelle mir dem DP-Europadéputéierten.
- Robert Harmsen, amerikanesche Politolog op der Uni.luMir froen de Politikwësseschaftler, wat den Ausgang vun den amerikanesche Kongresswale fir dem Donald Trump seng Presidentschaft bedeit.
- Mike Schwebag, Médiateur de la santéDe Gesondheetsmediateur gëtt ageschalt, wann et e Konlikt gëtt tëschent Patient an Dokter - oder ëmgedréint. 2025 huet de Service iwwer 100 Dossiere méi registréiert, wéi 2024…
- Jeromin Zettelmeyer, Direkter vum Think Tank BruegelDäitschland a Frankräich fuerdere Lockerungen bei de Klimaziler an der Auto-Industrie a méi e staarke Schutz fir d’Produktioun an der EU. Déi wiertschaftspolitesch Denkfabrik vu…
- Lex Delles, Wirtschafts- an Energieminister (DP)D'Regierung an d'Sozialpartner hu sech op eng Verlängerung vun den Energiemesuren aus dem Resilienzpak gëeenegt. Wéi frou ass de Lex Delles, datt och den Tankrabatt weider gëllt?
- Bauke Baumann, Expert fir den Noen OstenWéi geet et virun no de Walen an Israel? Froen un den Expert vun der Heinrich-Böll-Stiftung, déi der grénger Partei an Däitschland nosteet.
- Xavier Bettel, Ausseminister (DP)No de Walen an Israel, Brasilien a Serbien an no senger aussepolitescher Deklaratioun an der Chamber: Froen un de Lëtzebuerger Ausseminister.
- Laurent Zahles, President vum Retail Banking Cluster vun der ABBLNo enger kuerzer Reprise 2025 notéieren d'Guichetsbanken fir 2026 nees e Ralentissement um Immobiliemaart. Besonnesch de VEFA kënnt net un d'Rulle. Wat kann een do maachen?
- Richard Graf, woxxDe fréiere Journalist an haitege Member vum Verwaltungsrot erkläert, firwat déi rezent Adaptatioun vun der Pressehëllef net duergeet fir d'Wochenzeitung um Liewen ze halen.
- Paul Philipp, President vun der Fussball-FederatiounDe Paul Philipp ass muer um Kongress zu Wëntger den eenzege Kandidat fir seng eegen Nofolleg als President vun der FLF. Et gëtt säi 7. Mandat un der Spëtzt vum Verband.
- Martine Deprez, CSV-SozialministeschNo der Hierscht-Quadripartite vu gëscht: Wat gëtt gemaach, fir de chroneschen Defizit vun der CNS an de Grëff ze kréien?
- Nora Back, Presidentin vum OGBLD'nächst Woch gëtt an der Tripartite weider verhandelt. Mir froen d'OGBL-Presidentin, wat si sech vun der Regierung erwaart.
- Marc Lauer, President vun der Union des Entreprises (UEL)Mir froen den UEL-President mat wéi enge Fuederungen d'Patronat haut an d'Tripartite geet.
- Claude Robinet, neie Lëtzebuerger ArméichefDe neie Generol iwwerhëllt eng Arméi déi séier wiisst. Mir froen hien wat déi gréisst Erausfuederunge sinn, déi an de nächste Joren op hien duerkommen.







