About this podcast
Den Aarbechtsmarché ass permanent amgaangen sech ze veränneren. D'Pandemie huet dat nach emol acceleréiert. Wéi gesäit d'Aarbechtswelt vun haut aus? Wéi eng Faktore ginn ëmmer méi wichteg a wou leien d'Geforen? Dorëms geet et am Podcast "New Work", eng Kollaboratioun tëscht der Chambre des salariés an dem Lëtzebuerger Journal.
Episodes
The newest 20 of 29 episodes
- New Work #29 - Panorama social 2026 · 24 minLëtzebuerg ass e räicht Land. Mee wat kënnt vun deem Räichtum bei de Leit un? Geet d'Pai duer, fir de Loyer an d'Rechnungen ze bezuelen? A wéi geet et de Leit op hirer…
- New Work #28 - Pensiounsreform · 27 minKaum een Thema war méi déi lescht Joren an de Medien, wéi d'Pensiounskeess an hir ustoend Reform. Ëmmer manner Salarié*en musse fir ëmmer méi Pensionéierter schaffe goen. An…
- New Work #27 - Alles iwwert déi nei Steierreform · 25 minWosst Du schonn, dass mir ab 2028 een neie Steiersystem zu Lëtzebuerg wäerten hunn? An dëser Episod schwätze mir genau doriwwer an iwwer dat, wat sech mat dëser Reform ännere…
- New Work #26 - Wéi d'Logementskris d'Salarié*een impaktéiert · 30 minWann een zu Lëtzebuerg wunnt, da kënnt ee bal net um Sujet vun der Logementskris laanscht. Sief et wëll ee selwer dovunner betraff ass, oder well et reegelméisseg an der Politik…
- New Work #25 - Fraerechter op der Aarbecht · 23 minUm Lëtzebuerger Aarbechtsmarché sinn d'Fraen an d'Männer gläichberechtegt. Laut enger Statistik vun 2023, déi fir Opreegung gesuergt huet, verdéngen d'Fraen sou guer méi, wéi…
- New Work #24 - Méi Weiderbildung, méi Aarbechtsqualitéit · 20 minAll Joer freet sech d'Chambre des salariés, wéi et ëm d'Aarbechtsbedingungen um Lëtzebuerger Aarbechtsmarché steet. Dofir huet si zesumme mat der Uni Lëtzebuerg an dem…
- New Work #23 - Acquis ou conquis sociaux ? · 21 minFir d’Aarbechtsrechter vun haut gouf haart gekämpft. Do wou d’Chambre des salariés hikomme wëll, si mir haut awer nach net ukomm. Firwat brauche mir Gewerkschaften? Wéi eng…
- New Work #22 - Panorama social 2025 · 16 minEe Mol am Joer mécht d’Chambre des salariés de Point iwwert déi sozial Situatioun zu Lëtzebuerg. Wéi eng Inegalitéiten existéieren a gi méi grouss? Ween ass vun Aarmut betraff a…
- New Work #21 - D'Weiderbildung am Erwuessenenalter · 22 minEt ass een ni ze al, fir nei Saachen ze léieren. Fir sech weider ze bilden an een neien Diplom ofzeschléissen och net. Vun enger Beruffsausbildung, wéi den DAP bis de Master…
- New Work #20 - Wéi de Klimawandel d'Aarbecht verännert a wat dogéint gemaach gëtt · 21 minDe Klimawandel ass kengem méi ee frieme Begrëff. Domat setzt een oft extreem Wiederen an de Verloscht vun der Biodiversitéit a Verbindung. Schonn haut si mir a Lëtzebuerg vun de…
- New Work #19 - Wuelbefannen an atypesch Aarbechtszäiten · 21 minWork-Life Balance ass een Term, deen een net méi ëmgoe kann. Ëmmer méi gëtt iwwert d’Wuelbefanne vun de Salarié*een op der Aarbecht geschwat – an d'Chambre des salariés mécht…
- New Work #18 - Tipps fir däin éischten Job · 12 minEgal op Stage, Studentenjob oder éischt Aarbecht – bal all Mënsch lant iergendwann um Aarbechtsmarché. An tëscht all de verschiddene Kontrakter a Konditiounen, kann et am Ufank…
- New Work #17 - Kënschtlech Intelligenz an de Schoulen · 21 min2023 ass ChatGPT populariséiert ginn. Säit deem weess jiddereen, wat kënschtlech Intelligenz ass, a K.I. ass ee vill diskutéiert Thema. Verschidde Leit fokusséieren sech op…
- New Work #16 - improof · 23 minWéi kéint eng Ekonomie ausgesinn, déi net nëmme profitabel ass, mee och fair an nohalteg? Dës Fro probéiert d'Chambre des salariés mam Blog improof, eng sougenannte…
- New Work #15 - Pensiounen · 24 minMussen déi Jonk vun haut ëm hir Pensioun fäerten? De Pensiounssystem, dee Lëtzebuerg haut kennt, kënnt vun enger Reform vun 2012. Elo si mer awer an engem neie Moment, wou…
- New Work #14 - Der Aarmut an den Hëllefen dogéint op der Spuer · 26 minWee sinn déi Leit, déi zu Lëtzebuerg vun Aarmut betraff sinn a wéi eng Ënnerstëtzung gëtt et hei? Ënnert anerem dëse Froe ginn an der "Étude sur le vécu des personnes en…
- New Work #13 - Frontalieren · 20 minAll Dag kommen 220 000 Frontalieren a Frontalièren op Lëtzebuerg schaffen. D'Zuele si vun November 2023. D'Leit kommen aus der Belsch, Frankräich an Däitschland. Mee wéi genau…
- New Work #12 - Studentejobs · 19 minD’Summervakanz ass do, a fir déi meescht Student*innen heescht Summervakanz ënnert anerem och Summerjobs. Mee sief et Summerjobs oder Stagen, wat sinn eigentlech déi Saachen, op…
- New Work #11 - Inegalitéiten · 24 minAn dësem Episod geet et ëm e Sujet, mat deem jidderee schonn ze dinn hat: Inegalitéiten. Där ginn et vill, vum Abseits am Fussballsmatch, dee kee war, bis zum Kolleeg, deen am…
- New Work #10 - Sozialwalen · 22 min2024 ass keen normaalt Joer fir d'Chambre des Salariés : Net nëmme sti Sozialwalen um Programm, ma d'CSL feiert och säin 100. Gebuertsdag. Wat waren d'Schlësselmomenter vun der…

