Notes d’épisode
An dëser Episod vu Plottwist gëtt et waarm — net nëmme wéinst den Temperaturen, mee och wéinst de Meenungen. Mike an Yannick schwätzen iwwer de grousse Star-Wars-Retour mat The Mandalorian and Grogu, deen éischter no Sidequest wéi no groussem Kino-Event wierkt, an iwwer Passenger, deen esou vill Frust ausléist, dass een de Kino léiwer fréi verléisst.
Am Mëttelpunkt steet awer Obsession: e Film, deen mat senger düsterer Inszenéierung, ongemittlecher Atmosphär an enger staarker Performance richteg ënner d'Haut geet. Dobäi geet et ëm Wënsch, Kontroll, toxesch Léift an d'Fro, wéi vill vun enger…
Site web: zencastr.com

