Notas do episódio
Papatriarcat ass e franséische Podcast vum Cédric Rostein, deen sech zanter 2020 mat Pappe sinn, Elterensinn a Geschlechterrollen auserneesetzt. An Interviewe mat Expert:innen an Elteren, geet et ëm eng respektvoll Erzéiung, d’Rechter vun de Kanner an eng méi gerecht Verdeelung vun der familiärer Aarbecht. Dobäi stellt de Podcast traditionell Virstellungen iwwert Pappsinn a Mammsinn a Fro a sicht no Weeër, fir d’Patriarchat am Alldag ze iwwerwannen. Papatriarcat verbënnt perséinlech Erfarunge mat gesellschaftleche Froen a wëll dozou ureegen, Elteresinn a Geschlechtergläichheet nei ze denken.
Site: 100komma7.lu

