Notes d’épisode
D’Paule Kremer huet sech den Defi gesat fir als éischt Lëtzebuergerin duerch 7 Mieres-Engten ze schwammen. Dräi huet si scho gepackt: Hir ass et gelongen a 14 Stonne vun England duerch den Äermelkanal a Frankräich ze schwammen. Och d’Strooss vu Gibraltar tëschent Spuenien a Marokko huet si gemeeschtert, grad ewéi de Catalina-Kanal a Kalifornien. Mee dann, am August 2025, ass bei enger Qualifikatioun op eemol näischt méi gaangen. No 10 Minutte klëmmt si aus dem Waasser a si weess: Zeréck an d’Waasser wëllt si net méi.
Am neien Zeenewiessel-Portait geet et ëm Stuerheet, Identitéit an ëm…
Site web: 100komma7.lu

