Note de episod
Déi Episod hei ass nei – fuschnei! Haut kucke mer, wat eigentlech 'fusch' bedeit a wéi eng lautlech Prozesser bei dësem Wuertdeel wichteg sinn.
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon!
S: Wat hues de eis haut fir e Wuert matbruecht?
C: Mir hunn eng Rentrée hannerun eis, souwuel an de Schoule wéi och en neit Semester an dofir ass villes scho vertraut, mee fir verschidde Leit ass villes…
Site: 100komma7.lu

