Notas do episódio
Dës Kéier geet et ëm déi zentral Reegel vun der aktueller Lëtzebuerger Orthografie. Donieft léiere mer och eppes iwwer d'Geschicht vun der Schreifweis.
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtte Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon
S: Wéi een intressant lëtzebuergescht Wuert hues de eis haut matbruecht?
C: Ech kommen mat engem typesch lëtzebuergesche Wuert, awer lo net e Wuert, wat Är Grousseltere vläicht benotzt hunn, mee e…
Site: 100komma7.lu

